Episode's summary
Nea Lone ass de Projet vun der Organistin Nadja Prange, an hiren éischten Optrëtt den 13. August 2013 um Pangea-In-Love-Festival zu Ëlwen. Si spillt och nach an aner Formatioune wéi z. B. bei Fred Barreto Group an Nicool. Bis 2023 huet si och bei Le Vibe matgespillt. Mir schwätze mat hir iwwert hir lescht Single “Mayday” a kréien ee Scoop op... en Album.
Nea Lone ass de Projet vun der Organistin Nadja Prange, an hiren éischten Optrëtt den 13. August 2013 um Pangea-In-Love-Festival zu Ëlwen. Si spillt och nach an aner Formatioune wéi z. B. bei Fred Barreto Group an Nicool. Bis 2023 huet si och bei Le Vibe matgespillt. Mir schwätze mat hir iwwert hir lescht Single “Mayday” a kréien ee Scoop op... en Album.
Episodes
Nea Lone - Mayday
ListenedNea Lone ass de Projet vun der Organistin Nadja Prange, an hiren éischten Optrëtt den 13. August 2013 um Pangea-In-Love-Festival zu Ëlwen. Si spillt och nach an aner Formatioune wéi z. B. bei Fred Barreto Group an Nicool. Bis 2023 huet si och bei Le Vibe matgespillt. Mir schwätze mat hir iwwert hir lescht Single “Mayday” a kréien ee Scoop op... en Album.
"Constellations" aus dem Point Nemo Verlag
ListenedSechs Dichter:innen a fënnef Kënschter:innen aus der Bildender Konscht an Architektur sinn an den Dialog getrueden, woubäi jiddereen de Sujet vum eegne Bäitrag konnt auswielen. Dobäi ass d‘Buch mam Titel „Constellations“ eraus komm, dat am Point Nemo Verlag eraus komm ass. Valerija Berdi mat Detailer.
ESAL2026 fir d’Alexandra Uppman an d’Nazanin Hafez
ListenedGëschter Owend war am Mudam Edward-Steichen-Award-Zeremonie: Laureatinne sinn déi zwou plastesch Kënschtlerinnen Alexandra Uppman an Nazanin Hafez. Beim ESAL, also dem Edward Steichen Award Luxembourg, handelt et sech net just ëm eng Trophée an/oder e Präisgeld: D'Auszeechnung beinhalt eng Konschtresidenz vu 4, respektiv 6 Méint zu New York. Dëst, well “The Big Apple” fir den Edward Steichen eng wichteg Inspiratiounsquell war. Den ESAL2026 ass gëschter a Presenz vun der Groussherzogin an dem Kulturminister Eric Thill iwwerreecht ginn. Fir eis war d’Kerstin Thalau do.
"Sterne glänzend im angebissenen Apfel"
Listened"Sterne glänzend im angebissenen Apfel" aus dem Wallstein Verlag spigelt de Bréifwiessel erëm, tëschent dem Peter Handke an dem däitschen Diplomat an Dichter Manfred Osten. Zwee géigesätzlech Charakteren treffen hei op eneen, bleiwen awer trotz esou muncher Differenzen iwwert Joerzéngten a Kontakt. Wat sech aus dëser Korrespondenz ergëtt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.
D’Vuë vu 45 Kënschtler:innen zum Theema “Ruin” an der Escher Konschthal
ListenedDe leschte Freideg war an der Escher Konschthal de Vernissage vun der Expo “Ruin Echoes”. Multidisziplinär zäitgenëssesch Aarbechte vu 45 Kënschtler:innen bidde keng romantesch oder nostalgesch Vuen op d’Vergaangenheet: Et handelt sech ëm gesellschaftskritesch Analyse vu Monumenter, vum urbanistesche Raum als Spannungsfeld. Dat, wat vläicht fir d’Éiwegkeet geduecht war, léisst sech no an no op. Allerdéngs gesinn en etlech Kënschtler:innen d’Dekonstruktioun och als Neiufank. An dozou wollt d’Kerstin Thalau vum Curateur vu “Ruin Echoes”, de Christian Mosar, Direkter vun der Escher Konschthal, méi gewuer ginn.