Invité:e vum Dag

Invité:e vum Dag

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
00:00
00:00

Episode's summary

No de Walen an Israel, Brasilien a Serbien an no senger aussepolitescher Deklaratioun an der Chamber: Froen un de Lëtzebuerger Ausseminister.

Episodes

2300-

Xavier Bettel, Ausseminister (DP)

No de Walen an Israel, Brasilien a Serbien an no senger aussepolitescher Deklaratioun an der Chamber: Froen un de Lëtzebuerger Ausseminister.

28 Oct 2026
2299-

Laurent Zahles, President vum Retail Banking Cluster vun der ABBL

No enger kuerzer Reprise 2025 notéieren d'Guichetsbanken fir 2026 nees e Ralentissement um Immobiliemaart. Besonnesch de VEFA kënnt net un d'Rulle. Wat kann een do maachen?

27 Oct 2026
2298-

Richard Graf, woxx

De fréiere Journalist an haitege Member vum Verwaltungsrot erkläert, firwat déi rezent Adaptatioun vun der Pressehëllef net duergeet fir d'Wochenzeitung um Liewen ze halen.

26 Oct 2026
2297-

Paul Philipp, President vun der Fussball-Federatioun

De Paul Philipp ass muer um Kongress zu Wëntger den eenzege Kandidat fir seng eegen Nofolleg als President vun der FLF. Et gëtt säi 7. Mandat un der Spëtzt vum Verband.

23 Oct 2026
2296-

Martine Deprez, CSV-Sozialministesch

No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Wat gëtt gemaach, fir de chroneschen Defizit vun der CNS an de Grëff ze kréien?

22 Oct 2026